Mat dësem flotte Marsch wëlle mir un eise gudde Frënd a laangjärege Vizepresident Jean Loos erënneren an him e musikalescht Monument setzen.
Op Wonsch vun der Famill Cognioul-Loos gouf de Patrick Lux, Militärmuseker a Komponist, beoptragt, ee Marsch ze schreiwen, dee posthum dem Jean Loos gewidmet ass.
De Jean Loos ass 1982 der Maacher Stadmusek bäigetrueden. Vun 1991 bis 2012 war hien als Vizepresident eng trei a prägend Stäip vum Veräin. Hie hat ëmmer eng kloer Visioun dovun, wéi eng Musek sollt gefouert ginn, an huet sech mat groussem Engagement fir de Veräin agesat. Mat senger positiver Astellung, senger Mënschlechkeet a sengem Virbildcharakter war hien iwwerall héich geschat a beléift.
Fir säin Engagement gouf de Jean vun der UGDA mat der „Croix de mérite en argent“ an der „Croix de mérite en vermeil“ ausgezeechent. Wéi hien 2012 am Alter vu 85 Joer aus dem Comité ausgetrueden ass, gouf hien och vum Veräin zum „membre méritant“ ernannt. Och duerno ass hien der Maacher Stadmusek ëmmer trei bliwwen an huet kee Concert verpasst.
De Patrick Lux huet et fäerdeg bruecht, dem Jean säi Charakter a seng Liewensfreed an dësem Marsch anzefänken. Dem Jean seng Onkomplizéiertheet, seng Frëndlechkeet a säin optimistescht Wiesen zéien sech wéi e roude Fuedem duerch d'Kompositioun. Sou ass e wonnerbare Marsch entstanen, deen de „Spirit“ vum Jean op eng besonnesch schéin Aart a Weis erëmgëtt a sech séier zu engem richtegen Ouerwuerm verwandelt.
Passend dozou dréit d'Kompositioun den Titel „Loos(s) d’Musek spillen“.
All Kéier, wa mir dëse Marsch spillen, wäerte mir un de Jean Loos denken an un déi vill schéi Momenter zeréckblécken, déi mir mat him erliewe konnten.
Merci, Jean
Merci der Famill Cognioul-Loos