• Home
  • Events
  • Membres
  • Dirigent
  • Comité
  • Historique
  • Partners
  • Gallery
  • Kontakt
  • |   de

Events

Concert de Gala den 6. Juni 2026 um 20:00 am Centre Machera

Img

Den 6. Juni 2026 um 20:00 Auer gëtt de Centre Culturel Machera zu Gréiwemaacher zur Bühn vun engem besonnesche Gala-Concert.


Ënnert dem Motto „Bridges of Music“ entsteet eng klanglech Bréck tëscht Musel a Saar – als Zeeche vun der Frëndschaft tëscht deenen zwou Museksgesellschaften an als musikalesch Verbindung tëscht zwou Regiounen. D'Maacher Noutewënzer machen den Ufank an setzen den éischte Klangsteen. Duerno trëtt d’Harmonie Municipale Grevenmacher fir d’éischt ënner hirem neien Dirigent Steve BOEHM op a schléit e frëscht musikalescht Kapitel op.


Am zweeten Deel iwwerhëlt de Musikverein Saarburg-Beurig ënner der Leedung vu Volker BIWER an entfaalt eng Rees duerch raffinéiert an ausdrocksstaark Musek.


No dësem klanglechen Erliefnis gëtt de Concert gemittlech ofgeronnt mat de beschte Wäiner a Crémanten aus der Muselregioun.

Gallery

zurück
Harmonie Municipale de la Ville de Grevenmacher a.s.b.l
3, Place du Marché aux Bestiaux
L-6731 GREVENMACHER
Social network
© 2017 Harmonie Municipale Grevenmacher a.s.b.l
Midori Logo